Luxemburg
14, boulevard Royal – L-2449 Luxembourg
 
Maandag tot vrijdag
08:30 u. tot 17.00 u.

BELANGRIJK: PAS OP VOOR FRAUDE

Personen die zich valselijk uitgeven voor medewerkers van Banque de Luxembourg maken momenteel misbruik van de naam, het logo en het adres van de Bank om particulieren frauduleuze spaar- en beleggingsproducten aan te bieden.

Waakzaam blijven

 
Vlaanderen
Kortrijksesteenweg 218, 9830 Sint-Martens-Latem
Brussel
Terhulpsesteenweg 120, 1000 Brussel
 
Maandag tot vrijdag
08:30 u. tot 16:30 u.

BELANGRIJK: PAS OP VOOR FRAUDE

Personen die zich valselijk uitgeven voor medewerkers van Banque de Luxembourg maken momenteel misbruik van de naam, het logo en het adres van de Bank om particulieren frauduleuze spaar- en beleggingsproducten aan te bieden.

Waakzaam blijven



Léif Clienten, léif Entrepreneren,
wéi reagéiert déi europäesch Zentralbank op eng Inflatioun, déi duerch de Plaffong schéisst, a wat sinn d’Impakter vun dëser neier Zentralbankpolitik op d’Betriber hei zu Lëtzebuerg?
En Theema, dat méi aktuell net kéint sinn, a wat ee muss an déi aktuell a viraussiichtlech Konjunktur setzen. Dofir hu mir eis haut, a klengem Krees zesummegesat, fir och mat Iech d’Reaktioune vun eisen Experten ze deelen.

Liest hei den Artikel.

Ech begréissen dofir de Guy Wagner, Managing Director vun eiser Banque de Luxembourg Investements, de Pit Linster, Responsabele vun eisem Departement vun den Entreprisen, an de Vic Weiler aus eiser Salle de marché, Expert fir alles wat d’Tauxen ugeet.

CS: Guy Wagner, wéi léist sech dat aktuellt Ëmfeld an deem sech d’Betriber haut befanne beschreiwen?

GW: Ech mengen, du hues et scho gesot, du hues vun där méi héijer Inflatioun geschwat. Dat heescht, dat ass ganz kloer eppes wat nei ass, wat zanter engem décke Joer… d’Inflatioun, déi klëmmt. Wat natierlech fir d’Entreprisen heescht, datt d’Käschten an d’Luucht ginn. An deen zweete Punkt ass natierlech, d’Zënsëmfeld, wat sech och geännert huet, mir waren elo zënter der Finanzkris praktesch extrem niddereg Zënse gewinnt, an elo gesäit een, datt d’Zënsen ufänken ze klammen.

CS: Wéi gesäit denger Meenung d’Zukunft aus: Wirtschaftswuesstem oder éischter eng Rezessioun?

GW: D’Rezessioun ass ëmmer dat Schreckgespenst, mee et ass ganz kloer, datt ee scho gesäit éischt Auswierkunge vun der Zënshausse vun de méi héijen Energiepräisser op d’Konjunktur. Et gesäit een an Amerika, datt verschidde Segmenter sech nach ëmmer gutt behaapten, mee op där anerer Säit Segmenter wéi den Hausmarché trotzdeem, den Immobiliëmarché, ufänkt ze leiden. An op där anerer Säit an Europa ass natierlech och déi grouss Angscht iwwer déi ganz Energieproblematik, déi dozou féiere kinnt, datt och effektiv d’Ekonomie relativ staark kinnt leiden. Also ganz kloer géing ech soen, ouni elo direkt schwaarz-wäiss ze denken a soe Wuesstem oder Rezessioun, mee ganz kloer hu sech Wuesstemsaussiichte verschlechtert.

CS: D’Aussiichte fir eng Inflatioun, wéi gesäis du déi?

GW: Jo, wéi gesot, d’Inflatioun ass e schwieregt Theema am Moment. D’lescht Joer, wéi d’Inflatioun geklommen ass, hu jo d’Zentralbanke gesot „dat ass just temporär“. Elo hu se déi Meenung geännert an op d’mannst huet sech erausgestallt, datt d’Inflatioun trotzdeem méi laang unhält, wéi si d’lescht Joer erwaart hunn. Ech mengen, een Deel, wou een och muss mengen ech ënnerscheeden ass, dat Engt ass eng Hausse allgemeng vum Präisniveau, wann et vun 10 op 11 geet, dann ass et natierlech eng Inflatioun an der éischter Phas vun 10 %, mee virun allem de Präisniveau ass an d’Luucht gaangen. Wann et d’nächst Joer nach ëmmer bei 11 steet, dann hu mer zwar keng Inflatioun méi, da gëtt 11 mat 11 verglach, mee d’Präisser sinn dann trotzdeem méi héich. Ech mengen, déi Hausse bei verschiddene Präisser, deelweis bei de Salairen, déi ass ganz kloer do, an déi wäert och bleiwen, ob dat awer elo eng Inflatiounsspiral gëtt, wou all Joer d’Präisser weider klammen, do géif ech mengen, dat ass trotzdeem menger Meenung no, dat dierft net den Zenario sinn, ëm sou méi wann d’Wirtschaft sech géif ofschwächen, da géif ee jo och soen, datt op d’mannst an enger éischter Phas d’Inflatioun och mat zeréckkënnt.

CS: Wéi gesäis du d’Betriber aktuell impaktéiert vun där ganzer Konjunktur?

GW: Jo bei ons, wa mir investéieren, wa mir Aktie kafen, kafe mir eigentlech Betriber, da maache mir e groussen Ënnerscheed tëschent de Betriber, déi eebe capabel sinn, d’Hausse vun hire Käschte wieder ze ginn un hir Clienten, an hir Präisser… also eng gewësse Preissetzungsmacht hunn, wéi een dat esou schéi seet, also déi hir Präisser kënnen eropsetzen, an déi Betriber, déi dat net kënnen, an déi Betriber, déi natierlech leiden ëm sou méi ënner dem inflationären Ëmfeld, well dat heescht jo automatesch, datt hir Margen erofginn. An dat ass ëmmer, d’Geschicht huet ëmmer erëm gewisen, datt d’Inflatioun wäert d’Geschäftsmodeller vu verschiddenen Entreprisen trotzdeem durablement a Fro stellen.

CS: Vic Weiler, komme mer elo zum Rôle vun der europäescher Zentralbank. Wat war de Kontext bis ewell vun der Zentralbankpolitik?

VW: Well d’Inflatioun an der Eurozon säit bal 10 Joer an der Moyenne wäit ënnert dem Zentralbankobjektiv vun 2% louch, waren d’Leetzënsen natierlech och op engem historesch déiwen Niveau. Engersäits konnten d’Banke Sue léine bei der Zentralbank zu 0 %, an anersäits konnten se Sue placéiere bei -0.50 %. Lo säit Mëtt lescht Joer ass awer d’Inflatioun staark ugestige bis op en Niveau vun 8.6 % aktuell.

CS: Du hues et ugeschwat, 8.6 %, wéi reagéiert eng Europäesch Zentralbank op esou eng héich Inflatioun?

VW: Jo, also, elo wou d’Inflatioun natierlech op engem extrem héijen Niveau ass, muss d’Zentralbank reagéieren an déi éischte Kéier säit 2011. D‘Madame Lagarde huet nom Zentralbank Meeting vum 21. Juli ugekënnegt, dass d’Leetzënsen ëm 0.50 % an d’Luucht ginn.

CS: Wäert et bei enger enger Zënshiewung bleiwen?

VW: Nee, dat geet eleng net duer fir d’Inflatioun ze bekämpfen, dofir rechne mir domat, dass dëst Joer nach 3 weider Zënshaussë kommen, eng Kéier am September, eng Kéier am Oktober, vu jeeweils 0.50 %, an nach eng weider am Dezember vun 0.25 %. Dat heescht, de Leetzëns wäert dann vun 0 % bis op 1.75 % Enn dës Joers an d’Luucht goen.

CS: Wéi gesäit et mam nächste Joer aus?

vW: Also de Gros vun den Zënshaussë wäert dëst Joer geschéien, d’nächst Joer rechne mer nëmme méi mat enger Zënshausse vun 0.25 %, dat heescht dass 2023 de Leetzëns ëm 2 % wäert leien.

CS: Okee, Merci Vic. Pit Linster, wat sinn d’Konsequenze fir Betriber hei zu Lëtzebuerg vun dëser neier Zentralbankpolitik?

PL: Also mir hunn et jo elo héieren, d’Zentralbank huet decidéiert d’Zënsen an d’Luucht ze setzen, wat engersäits ganz kloer Konsequenze fir d’Depoten huet, déi d’Entreprisë bei eis op de Konte stoen hunn. An anerersäits ginn d’Käschte vun de Kreditter impaktéiert.

CS: Dat heescht, wat heescht dat haut fir eis Clienten, déi Liquiditéite bei eis op de Konten hunn?

PL: Ma bis elo hunn d’Entreprisen um Montant iwwert 1 Millioun missen Zënse bezuelen. Déi gutt Nouvelle ass, dass mir ab dem 1. August déi negativ Zënsen ophiewen. Dee selwechte Prinzip applizéiere mir och op de Spuerkonte fir d’Entreprisen. D’Remuneratioun gëtt hei erëm méi attraktiv, well mir e positiven Zënssaz um Solde bezuelen.

CS: Ginn et soss nach Léisunge fir Cash, deen net am Alldag gebraucht gëtt vun de Betriber?

PL: E weidere positiven Impakt vun der Zentralbankpolitik ass, dass d’Depôt-à-termen erëm méi interessant ginn. Fir en Depôt à terme vun zum Beispill 2 Joer kann ee mat enger Remuneratioun vun 1.50 % rechnen. Et ginn nach weider Alternative wéi d’Entreprisen hir Sue kënnen uleeën. Fir e personaliséierten Accompagnement stinn eis Experten am Asset Management gären zur Verfügung.

CS: Op där anerer Säit, wat sinn d’Impakter op d’Kreditter vun eise Cliente vun de Betriber?

PL: Fir eis Entreprisen, déi ee Kredit mat engem variabelen Zënssaz, Typ Euribor 3M, hunn, ass et wichteg ze wëssen, dass dëse parallel zu der Zentralbankpolitik evoluéiert. Wann den Euribor 3M haut bei ëm 0 % läit, wäert en awer an de positive Beräich kommen. D’Estimatioune vun den Experte leien hei bei 2 % fir 2023.

CS: Dës parallel Evolutioun vum variabelen Zënssaz, ass dat och de Fall fir de festen Zënssaz?

PL: Fir e besteeënde Kredit mat festem Zënssaz, do ginn et natierlech keng Ännerungen. Fir eis Clienten, déi en neie Projet finanzéiere wëllen, an do e fixen Zënssaz ufroen, ass et wichteg ze wëssen, dass zukünfteg Zënshaussë vun der Zentralbank bereets mat agerechent sinn. De fixen Zënssaz evoluéiert also nëmme wann d’Zentralbank méi séier oder méi staark agräift wéi sech dat erwaart ginn ass.

CS: Okee. Wat mussen d’Betriber haut wëssen, wa se wëllen en neie Projet finanzéieren?

PL: Ech mengen, et ass wichteg d’Hausse vun den Tauxe mat an der Rentabilitéit vun engem Projet mat anzerechnen. Konkret heescht dat, dass een a senge Businesspläng iwwert déi nächst Periode vu méi héijen Zënsen ausgoe soll. An dësem komplizéierten Environnement sti mir de Clienten natierlech gären zur Verfügung, fir si ze begleeden. Zum Beispill wei een e Kredit strukturéiere kann, mee och wéi ee sech viru steigenden Zënse schützen kann. Okee, Merci Pit.

Merci un Iech dräi.

Léif Clienten, ech hoffen, dës Ronn huet Iech e bessert Verständnis ginn, wat dës nei Zentralbankpolitik wäert un Opportunitéiten, mee och Erausfuerderunge mat sech bréngen. Mir als Äre Bankpartner gesinn et als ganz wichteg, och weiderhin an dëse schwieregen Zäiten Iech zur Säit ze stoen. Dofir kontaktéiert gären eis Kolleege vun der Ekipp vun eise Betriber, fir Iech soit bei der Gestioun vun Ärer Tresorerie, mee och bei neie Finanzementer fir Projeten ze beroden. Mir soe Merci fir d’Nolauschteren, a wënschen Iech e puer schéin an erhuelsam Summerdeeg.