Luxemburg
14, boulevard Royal – L-2449 Luxembourg
 
Maandag tot vrijdag
08:30 u. tot 17.00 u.
 
Vlaanderen
Kortrijksesteenweg 218, 9830 Sint-Martens-Latem
Brussel
Terhulpsesteenweg 120, 1000 Brussel
 
Maandag tot vrijdag
08:30 u. tot 16:30 u.

Entrepreneur
sinn, ass eng passioun

Wëll Dir gäre begleet ginn an all Är Zäit an Äre Betrib, Är Passioun investéieren? Äre Conseiller steet Iech zur Säit, an all wichteg Etappen vun Ärem Betrib, fir Ären Ambitioune gerecht ze ginn.

Eng global Begleedung fir Äre Betrib

FINANZÉIERUNG

BANKGARANTIEN

GESTIOUN VUN DEN TRESORERIES-IWWERSCHËSS

IWWERGAB

DAGDEEGLECH GESTIOUN

Wéi kann ech vu personaliséierte Léisunge profitéieren?

Mäi Betrib an engem Ëmfeld, dat sech verännert, weiderzëentwéckele verlaangt permanent Efforten. Wéi kann ech vu kuerz, mëttel a laangfristege Léisunge profitéiere fir meng Projeten ze verwierklechen?

Mir proposéieren Iech:

  • Finanzementer: Projetsfinanzéierung, Investitiounskredit, Leasing, Kredit um Compte Courant.
  • D’Berécksiichtegung vun enger nohalteger Entwécklung.
  • Personaliséiert Spuer- an Investéierungsléisunge fir är Liquiditéiten.
  • Dagdeeglech finanziell Gestioun vun Ärem Betrib.
  • Begleedung vun der Famill an deene verschiddene Phase vum Iwwerdroe vum Betrib
Kontaktéiert eis

Wéi kann ech a menge komplexen Erausfuerderunge begleet ginn?

Meng Besoine verbannen oft berufflech a privat Iwwerleeungen. Wéi fannen ech di passend Berodung am Interessi vu mir, menger Famill a mengem Betrib?

Mir erfëllen är Uspréch:

  • Global Vu op Äert Verméigen.
  • Beroodungsapproche déi dorausser besteet eis spezifesch Kompetenze mat deene vun externe Partner ze kombinéieren.
  • Ar Besoinen antizipéieren.
  • Sensibilisatioun op Sujeten déi Iech concernéieren.
Kontaktéiert eis

Wéi kann ech eng vertrauensvoll Bezéiung zu menger Bank opbauen?

Et ass ëmmer schwiereg de richtege Partner ze fannen, deen erreechbar ass a meng strateegesch a finanziell Erausfuerderunge versteet. Wéi fannen ech en Uspriechpartner dee souwuel mech wéi och mäi Betrib, seng Aktivitéit a seng Geschicht versteet?

Mir stinn Iech zur Säit mat:

  • Enger personaliséiert Approche duerch en dediéierte Conseiller mat enger limitéierter Unzuel u Clientë.
  • Enger laangfristeg Begleedung.
  • Enger proaktiv Demarche, mat engem reegelméissegen Austausch.
  • Eiser Präsens um Terrain.
Kontaktéiert eis

Wéi kann ech d’Iwwergab vu mengem Betrib plangen an erfollegräich duerchféieren?

D’Zukunft virbereeden, der Komplexitéit vun engem Familljebetrib Rechnung droen, mäi Betrib verkafen oder der nächster Generatioun iwwerdroen... Wéi kann ech dës wichteg Etapp vu mengem Liewen an deem vu mengem Betrib am Beschte virbereeden?

Mir begleeden Iech an andems mer:

  • Der Famill hëllefen Distanz zum Projet „Iwwergab“ ze huelen.
  • All d’betraffen Partei’en alueden zum Projet beizedroen: Present Gen an Next Gen.
  • D’Famill beim gemeinsamen Fannen vun enger Léisung ennerstëtzen di suwuel d’Weiderfeiren vum Betrib ustrieft, wéi d’Harmonie an der Famill.
  • Programmer ubidden di d’Present Gen an d’Next Gen op d’Herausfuerderungen vun enger Iwwergab opmierksam machen.
Kontaktéiert eis

Anne Goedert
Conseillère Family Practice
Charles Sunnen
Conseiller Entreprises et Professions Libérales
Nathalie Welbes
Conseillère Immobilier

Schrijf u in op de maandelijkse nieuwsbrief
Ontvang elke maand de analyse van de financiële markten en het laatste nieuws van de bank.

Lees onze recentste nieuwsbrief Lees onze recentste nieuwsbrief

BELANGRIJK: PAS OP VOOR FRAUDE

Personen die zich valselijk uitgeven voor medewerkers van Banque de Luxembourg maken momenteel misbruik van de naam, het logo en het adres van de Bank om particulieren frauduleuze spaar- en beleggingsproducten aan te bieden.

Waakzaam blijven